Muer soll eng weider Ronn vun de Friddensgespréicher tëschent der Ukrain, Russland an den USA an der Schwäiz sinn. Dat huet den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj ugekënnegt. Den ukraineschen Emissär wier am gaangen déi Reunioun virzebereeden. Och déi zwee USSpezialemissairen Steve Witkoff an Jared Kushner sollen dobäi sinn. Déi nei Ronn vun de Friddensgespréicher soll och rëm zu Genève sinn.
Bei deene Verhandlunge virdrun ass bis elo näischt Konkreetes erauskomm.
Och weider Gespréicher mam Iran
Zu Genève sollen de selwechten Dag och Gespréicher tëschent dem Iran an den USA sinn. Dat huet déi iranesch Staatstelevisioun gemellt. Den iraneschen Ausseminister wier ënnerwee an d‘Schwäiz fir sech do mat enger US-Delegatioun ze treffen.
Béid Länner hu jo Ufank dës Mounts rëm ugefaange mateneen ze schwätzen. et geet drëm en Accord ze fannen iwwert den iraneschen Atomprogramm. Zanterhir hu béid Säiten zweemol indirekt matenee beroden, mat der Mediatioun vum Oman.