Radioen

On air

9 bis 1  |  Thee Heart Tones - No Longer Mine

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ USA: Monsanto zu enger Strof vun 857 Milliounen Dollar verurteelt

Wéinst gëftegen Neon-Luuchten

USA: Monsanto zu enger Strof vun 857 Milliounen Dollar verurteelt

De Grupp Monsanto, eng Filial vum däitsche Pharma-Konzern Bayer, gouf an den USA zu enger Strof vun 857 Milliounen Dollar verurteelt. Dat wéinst der Presenz vu gëftege Chemikalien an Neon-Luuchten an enger Schoul.

auto_stories

1 min

© dpa | Franz-Peter Tschauner
(Foto: dpa | Franz-Peter Tschauner)

Monsanto muss déi Suen als Schuedenersatz u fréier Studenten an Eltere bezuelen. Si ware krank ginn nodeems si an där Schoul Benevole-Aarbechte gemaach haten. Si behaapten, hir Krankheet wier op Chemikalië vu Monsanto an den Neon-Luuchten zeréckzeféieren.

Monsanto huet annoncéiert, géint déi decidéiert Strof an Appell ze goen.