Radioen

On air

Notturno  |  BC Camplight - The Last Rotation On Earth

play_arrow Live
search

/ USA: A Maryland solle Cannabis-Strofen aus de leschte Joerzéngten annuléiert ginn

Gesellschaft

USA: A Maryland solle Cannabis-Strofen aus de leschte Joerzéngten annuléiert ginn

Am Bundesstaat Maryland an den USA sollen 175.000 Veruerteelunge wéinst der Consommatioun vu Marihuana aus de leschte Joerzéngten annuléiert ginn. Dat huet de Gouverneur Wes Moore an der Zeitung Washington Post ugekënnegt.

auto_stories

1 min

Et ass zanter dem leschte Joer am Maryland legal fir Cannabis ze kafen an ze consomméieren, an et kéint net sinn, datt an deem Kontext ëmmer nach vill Mënsche wéinst esou enger Veruerteelung Schwieregkeeten hätte fir eng Aarbecht oder Wunneng ze fannen, esou de Wes Moore.