Radioen

On air

Tockcity  |  Benjamin Moorhouse - Any Time Soon - Ten Fé

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ US-Walen: Wéi decisiv sinn déi lescht Deeg vum Walkampf?

Kamala Harris vs. Donald Trump

US-Walen: Wéi decisiv sinn déi lescht Deeg vum Walkampf?

An enger Woch gëtt an den USA eng nei Presidentin oder en neie President gewielt. E Méindeg huet den aktuelle President Joe Biden scho seng Stëmm ofginn. D'Kamala Harris an den Donald Trump waren déi lescht 24 Stonnen an de Swingstates ënnerwee.

auto_stories

2 min

headphones

6 min

Kamala Harris an Donald Trump | © picture alliance / SVEN SIMON | SVEN SIMON play_arrow
Foto: picture alliance / SVEN SIMON | SVEN SIMON

Zu Washington huet d‘Kamala Harris haut um Méindeg hire wuel wichtegste Waloptrëtt vun hirer Walcampagne. Do mécht si hire Closing Argument, also déi Ried, an där alles resuméiert gëtt, wat an hirer Walcampagne gesot gouf. Et ginn um Waloptrëtt vun der Kamala Harris zu Washington ongeféier genau sou vill Leit erwaart, wéi um Optrëtt vum Donald Trump am Madison Square Garden zu New York.

Symbolesch Plaz fir de Closing Argument

Hir Ried hält si op der Elipse also där zentraler Plaz zu Washington tëschent dem Wäissen Haus an dem Washington Monument. Dat ass déi Plaz, op där den Donald Trump 2021 seng Ried gehal huet, no där seng Supporter:inne d'Capitol gestiermt hunn.

D‘Kamala Harris gëtt iwwerdeems och kritiséiert, hir Campagne ze vill op den Donald Trump ze fokusséieren, an net genuch hir eege Politik an de Vierdergrond stellt.

An de leschte 24 Stonne war si a Michigan, ee vun de siwe sougenannte Swingstates an deene sech d‘Walen entscheeden.

Donald Trump: "Ech si keen Nazi, ech sinn de Géigendeel vun engem Nazi"

Den Donald Trump war gëschter zu Atlanta am Bundesstaat Georgia. Ee vun de wichtegste Swingstates am Süden. Do war kee volle Sall an d‘Leit sinn och deelweis gaangen, éier seng Ried eriwwer war. Ee Phenomeen, deen an der lescht méi dacks ze gesi war.

Symbolesch fir seng Campagne ass dat trotzdeem net: Seng Supporter:inne sinn optimistesch, datt de Republikaner dës Wale gewënnt. Wann awer ee politesche Kandidat muss soen „Ech si keen Nazi, ech sinn de Géigendeel vun engem Nazi“, da weess een, datt eppes schif gaangen ass.

Et gëtt elo schonns a ville Staate gewielt – och an de Swingstates. Deemno gëtt et ëmmer manner Leit, déi nach iwwerzeegt kënne ginn. Experten an Expertinne ginn dovun aus, datt grad emol 5 Prozent op dësem Punkt nach kee Choix getraff hunn.

Gespréich mam Korrespondent Philipp Crowther, vu Washington

Lauschterenplay_arrow