Déi us-amerikanesch Regieurng géif déi Waffe bannent kuerzer Zäit liwweren, schreiwen eng Rei us-amerikanesch Medien.
Et géif sech eng Variant vun den ATACMS Rakéiten handelen, déi ee mat Streebomme kéint equipéieren.
An der Ukrain gouf d’Stad Krementschuk vun enger Russescher Loftattack viséiert. Eng Persoun wier gestuerwen an 31 Mënsche wiere blesséiert ginn.
D‘Ukrain huet gëschter eng Attack op de Quartier général vun der Russescher Flotte am Schwaarze Mier confirméiert.
Reegelméisseg schéisse Schëffer vun där Flotte Rakéiten a Richtung ukraineesch Stied.
Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj ass aktuell nach am Kanada, wou hien een Treffen hat mat der Ukrainescher Communautéit an mat Vertrieder vun der kanadescher Wirtschaft.