Radioen

On air

Tockcity  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ US-Kongress sicht weider no engem neie President vum Representantenhaus

USA

US-Kongress sicht weider no engem neie President vum Representantenhaus

Am amerikanesche Kongress sichen d‘Republikaner weider no engem neie President vum Representantenhaus.

auto_stories

1 min

USA Washington Kapitol | © Bigstock / rarrarorro
USA Washington Kapitol (Foto: Bigstock / rarrarorro)

An engem parteiinterne Votte huet déi zersplittert republikanesch Fraktioun elo deen äerzkonservative Steve Scalise fir de Posten nominéiert. Et feelt awer nach deen definitive Vott, en Datum dofir gouf nach net festgeluecht. Et besteet Zäitdrock well d‘Representantenhaus ouni Chef net schaffe kann an zum Beispill kéng nei Gesetzer kann decidéieren. De fréiere President vum Representantenhaus, de Republikaner Kevin McCarthy, war d’lescht Woch duerch eng Motioun aus den eegene Reien ofgewielt ginn.