Hie selwer huet keng Zomme fir de Pack genannt. Amerikanesch Medie schwätzen awer vun 100 Milliarden Dollar. Detailer sollen et haut ginn, allerdéngs ass onkloer, op dee Pak esou wäert duerchkommen.
Déi parlamentaresch an den USA leit aktuell brooch, well d‘Deputéiert sech nach ëmmer net iwwert ee President eens goufen.
Haut um Freiden ass och déi europäesch Spëtzten zu Washington: d‘EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen, an de Rotspresident Charles Michel gi vum Joe Biden empfaangen. Gespréichstheme sinn dobäi de Krich an der Gazasträif an déi russesch Invasioun an der Ukrain.