Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ US-Procureur leet iwwerschafften Uklo géint den Donald Trump vir

Wéinst dem Stuerm op de Kapitol

US-Procureur leet iwwerschafften Uklo géint den Donald Trump vir

Am Prozess géint dee fréieren US-President Donald Trump wéinst versichtem Walbedruch läit elo eng iwwerschafften Uklo vir. D‘Ekipp vum Procureur Jack Smith huet d'Dokument iwwerschafft, nodeems dat iewescht Geriicht an den USA ugangs Juli decidéiert hat, datt den Donald Trump fir gewëssen Amtshandlungen eng Immunitéit genéisst.

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance

Hannergrond vun deem Prozess sinn d'Evenementer vum 6. Januar 2021, wéi Supporter vum Trump de Parlamentssëtz zu Washington gestiermt hunn. Fir dëse Fall virunzedreiwen huet de Procureur Jack Smith elo eng gekierzte Versioun vun der Uklo agereecht.

D'Haaptpunkte bleiwen awer onverännert: Dem Trump gëtt ënner anerem Verschwörung virgehäit. Ee Prozess virun de Presidentschaftswalen am November ass awer onwarscheinlech, well et och an nach anere Prozesser Retarde gëtt. Den Donald Trump plädéiert weiderhin op seng Onschold.