Zu New York fänkt haut d‘UNO Vollversammlung un. Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj soll derbäi sinn, hie gëtt haut zu Manhattan erwaart.
Vu Lëtzebuerg sinn den Ausseminister Jean Asselborn, d‘Ëmweltministerin Joëlle Welfring an de Kooperatiounsminister Franz Fayot um Sommet zu New York. De Jean Asselborn wäert un der Generaldebatt vun der UNO-Vollversammlung deelhuelen.
Um Sommet sollen d‘Nohaltegkeetsziler vun der UNO relancéiert ginn. Am Joer 2015 haten d‘Vereenten Natiounen sech ënner anerem virgeholl, dass bis 2030 kee Mënsch op der Welt méi Honger géif leiden. Dovun ass een nach wäit ewech. Wann et esou weider geet wéi bis elo ginn et der UNO no am Joer 2030 nach ëmmer 600 Millioune Leit, déi net genuch z‘iessen hunn.