Dat schreift de Lëtzebuerger Konsumenteschutz an engem Communiqué. Zu den Theeme Kafkraaft, Steiererliichterungen a Konsumenteschutz hätt een an de leschten zwou Wochen zu Senneng net vill héieren. D‘ULC, déi ëmmerhin 42.000 Memberen huet, bedauert och, dass si net op Senneng an d‘Koalitiounsgespréicher invitéiert gouf.
arrow_back_ios
Noriichten
Noriichten
/ ULC beklot, datt Kafkraaft a Koalitiounsgespréicher net méi wichteg wier
Verbraucherschutz
ULC beklot, datt Kafkraaft a Koalitiounsgespréicher net méi wichteg wier
D‘ULC fuerdert méi Engagement fir de Verbraucherschutz. Virun de Chamberwale wier d‘Theema Kafkraaft nach fir all Parteien e grousst Theema gewiescht, elo, gutt zwou Wochen drop, schéngt dat Theema fir de Formateur Luc Frieden an d‘Delegatioune vun CSV an DP net méi sou wichteg ze sinn.
auto_stories
1 min