search

/ Tunnelle Grouft a Stafelter nach op onbestëmmten Dauer am Service réduit

Verkéier

|
headphones

1 min

Tunnelle Grouft a Stafelter nach op onbestëmmten Dauer am Service réduit

D’Tunnelle Grouft a Stafelter sinn nach op onbestëmmten Zäit am Service réduit. Dat geet aus der Äntwert vun der Mobilitéitsministesch Yuriko Backes op direkt dräi parlamentaresch Froen ervir. Bei Maintenanceaarbechte ware strukturell Problemer un de Ventilatoren detektéiert ginn, esou d’Ministesch.

headphones

1 min

Tunnel | © picture alliance / BeckerBredel | BeckerBredel
Tunnel (Foto: picture alliance / BeckerBredel | BeckerBredel)

Well dësen Defekt och déi 50 aner Ventilatoren an dësen Tunnelle kéint betreffen, hätt een decidéiert, déi problematesch Komponent virsiichtshallwer u sämtleche Ventilatoren auszetauschen.

Zënter Enn Januar ass an den Nordstrooss-Tunnelle Grouft a Stafelter a béid Richtungen eng Spuer gespaart, d’Vitesslimitatioun ass aus Sécherheetsgrënn op 70 km/h erofgesat.

Ersatzdeeler si bestallt

D’Ministesch verséchert awer, datt d’Ersatzdeeler bestallt wieren an d’Ponts et chaussées a permanentem Austausch mam Fournisseur stéingen, fir de Problem esou séier wéi méiglech ze behiewen. D’Tunnelle Grouft a Stafelter wieren iwwregens déi zwee eenzeg Tunnellen am Land, déi mat dësem Typ Ventilator equipéiert sinn.