Radioen

On air

Popfilter  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Trump zu New York zu Geldstrof vun 355 Milliounen Dollar verurteelt

USA

Trump zu New York zu Geldstrof vun 355 Milliounen Dollar verurteelt

De fréieren US-President Donald Trump gouf gëschter vun engem Riichter zu New York zu enger Geldstrof an Héicht vun 355 Milliounen Dollar verurteelt. An deem Prozess goung et em Bedruch wéinst Fälschung vun de Bilane vum Donald Trump senger Trump Organisatioun.

auto_stories

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Paul Hennessy
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Paul Hennessy)

Duerch Manipulatioun vun den Informatiounen iwwert de Wäert vun där Firma, konnt den Trump u méi gënschteg Kreditter kommen an d’Versécherunge waren dowéinst och méi bëlleg. 

Nieft der Geldstrof krut den Donald Trump verbuede wärend dräi Joer am Bundesstaat New York ze leeden. Och d’Filsse vum Donald Trump goufen zu 4 Milliounen Dollar Geldstrof verurteelt, si dierfe wärend zwee Joer keng Firma am Bundesstaat New York leeden. 

An enger éischter Reaktioun huet den Donald Trump dem aktuelle President Joe Biden virgeworf eng Hexejuegd op hie lancéiert ze hunn. Hie géif och an Appell goen.