arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Trump bekräftegt seng Besëtz-Uspréch op Grönland

Weltwirtschaftsforum

|
headphones

3 min

Trump bekräftegt seng Besëtz-Uspréch op Grönland

Den US-President Donald Trump fuerdert direkt Negociatiounen iwwer Grönland. Dat sot hien a senger Ried um Weltwirtschaftsforum zu Davos. Fir d’Insel an der Arktis ze kréie wéilt hien awer keng Gewalt uwenden. Dänemark wier ondankbar, esou den Donald Trump an och Europa stoung ferm an der Kritik.

headphones

3 min

Donald Trump um Weltwirtschaftsforum zu Davos | © EPA/GIAN EHRENZELLER
Donald Trump um Weltwirtschaftsforum zu Davos (Foto: EPA/GIAN EHRENZELLER)

Den Donald Trump bleift also bei senger Iddi fir Grönland ze iwwerhuelen an huet a senger Ried betount, dat wier nëmmen ee klenge Gefalen, deen een him kéint maachen, am Verglach zu all deem, wat d’USA fir d’NATO scho gemaach hätten. Milliarden un Dollar wieren do nämlech gefloss an et hätt een ni eppes dofir zeréck kritt.

“And we never got anything. We probably won't get anything unless I decide to use excessive strength and force where we would be, frankly, unstoppable. But I won't do that.”

Mat wiem genee den Donald Trump iwwer eng Iwwernam hei verhandele wëll huet hien a senger annerhallwer Stonn laanger Ried net präziséiert. Dänemark a weider europäesch Staaten hu rezent ëmmer nees betount, datt Grönland net ze verkafe wier.

Den Donald Trump hätt Dänemark gär a géif déi dänesch an déi grönlännesch Populatioun och respektéieren, ma nëmmen d’USA kéinten déi arktesch Insel protegéieren, keng aner Natioun wier dozou amstand. 

“And all we're asking for is to get Greenland, including right title and ownership, because you need the ownership to defend it. You can't defend it on a lease.”

Eng Iwwernam vu Grönland wier dem Donald Trump no och keng Bedrooung fir NATO, mee géif si nëmmen nach méi stäerken. Den Alliéierten huet hien gedrot, sollten si Nee soen.

Weider huet den US-President den Usproch op Grönland domat begrënnt, datt d’Insel eemol zu den USA gehéiert hätt, an et domm gewiecht wier, si no dem zweete Weltkrich nees zeréck ze ginn.

“But we saved Greenland and successfully prevented our enemies from gaining a foothold in our hemisphere. So we did it for ourselves also. And then after the war, which we won, we won it big. After the war, we gave Greenland back to Denmark. How stupid were we to do that?”

US-amerikanesch Wirtschaft géif boomen

A senger Ried huet den Donald Trump seng eege Politik gelueft. Genee 1 Joer nodeems hie säin Amt iwwerholl huet, wier déi amerikanesch Wirtschaft amgaang mat boomen an d’Inflatioun géif zeréck goen. Kritiker no schwätzt hien awer d’Lag schéin. Si weisen drop hin, datt den Inflatiounstaux dem amerikaneschen “consumer price Index” no am Dezember onverännert bei 2,7 Prozent louch, an also net erof gaange wier. Och de Chômagetaux an den USA bleift zënter Méint stabel bei ronn 4,4 Prozent.

Trump: Wandrieder just eppes fir déi Domm 

Am Géigesaz zu den USA wier Europa am Trump sengen Aen net méi erëm ze erkennen. D’Massenimmigratioun, d’Energieproblematik an d’Präishaussë wiere komplett falsch ugepak ginn, sot hien zu Davos. 

Déi gréng Energie géif Europa schueden. Wandrieder zum Beispill wier just eppes fir déi Domm, esou den US-President Donald Trump. Doduerch géife Sue verluer goen, Vulle géifen doduerch stierwen a Landschafte verschampeléiert ginn. 

Pann u Fliger

Den US-President Donald Trump war mat Verspéidung zu Davos um Weltwirtschaftsforum ukomm. Säi Fliger war mat Verspéidung zu Zürech gelant, nodeems e wéinst technesche Probleemer nom Start zu Washington hat missten ëmdréinen. Den Donald Trump a seng Delegatioun sinn op eng méi kleng Air Force One ëmgeklomm.