arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Trotz Pogačar-Dominanz: "Den Tour de France war spannend"

Vëlossport

|
reading time

2 min

Trotz Pogačar-Dominanz: "Den Tour de France war spannend"

Den Tour de France vun dësem Joer wier trotz der Dominanz vum Slowen Tadej Pogačar spannend gewiescht. Dee Bilan zitt de fréiere Vëlosprofi Michel Ries am 100,7-Interview. Och wann de Generalklassement scho fréi decidéiert gewiescht wier, hätt et awer spannend Momenter ginn.

reading time

2 min

© EPA/GUILLAUME HORCAJUELO
(Foto: EPA/GUILLAUME HORCAJUELO)

Zum Beispill am Kampf ëm d’Maillote vum beschte Biergfuerer a vum beschte Sprinter. De Maillot à pois konnt sech schlussendlech den Ecuadorianer Richard Carapaz sécheren, de grénge Maillot den Dän Mads Pedersen.

Lëtzebuerger Alex Kirsch wier a gudder Verfassung gewiescht

Iwwer d’Leeschtung vum eenzege Lëtzebuerger Cyclist bei der Grande Boucle dëst Joer, dem Alex Kirsch, sot sech de Michel Ries och zefridden. De Coureur vu Cofidis wier ëmmer do gewierscht, wann e gebraucht gi wier, fënnt de Michel Ries.

"Gëschter nach huet ee gesinn, datt en am leschte Kilometer op de Champs-Élysée nach derbäi war, fir sengem Sprinter ze hëllefen. An ech mengen, datt dat och dat war, wat vun him erwaart gouf. An ech denken, datt en déi Roll ganz gutt erfëllt huet an och ganz gutt aus engem Tour de France kënnt."

Et wier keng einfach Etapp gëschter gewierscht. Do am éischte Grupp nach mat dobäi ze sinn, géif beweisen, datt den Alex Kirsch an enger gudder Verfaassung wier, esou nach den Ex-Vëlosprofi Michel Ries. Déi Form kéint de Lëtzebuerger Fuerer dann och an déi final Phas vun der Saison mathuelen.

Lauschtert hei de ganze Bilan vum Tour de France vum Michel Ries