arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Trotz Déifställ a Fäll vu Kierperverletzung: Police zitt rouege Bilan vun der Fouer

National

|
reading time

1 min

Trotz Déifställ a Fäll vu Kierperverletzung: Police zitt rouege Bilan vun der Fouer

D‘Police zitt ee relativ rouege Bilan vun der Schueberfouer. Et wier zu kengem gréisseren Tëschefall komm, heescht an hirem neitste Bulletin.

reading time

1 min

© Pit Beffort
(Foto: Pit Beffort)

Registréiert goufen ënner anerem 20 einfach Déifställ, 18 Streidereien an 8 Fäll vu Kierperverletzung. An dräi Fäll koum et zu Déifställ mat Gewalt. Zéng Mol huet d'Police wéinst staark alkoholiséierte Persoune missen intervenéieren.

Donieft huet d'Police aacht Kanner betreit, déi hir Elteren oder Begleeder verluer haten. Si waren net beim gratis Service "Enfants perdus" ageschriwwen, wat d'Sich no den Elteren erschwéiert hätt.

Am Ganze wieren d'Asätz mat deene vun de Jore virdru vergläichbar gewiescht, esou nach d‘Police.