Zanter e puer Deeg sinn ënnert anerem d’Distributiounszenteren am belsche Vaux-sur-Sûre a Marche-en-Famenne vun de Bauere blockéiert ginn. Weider goufen och d’Haaptverkéiersachsen an der Belsch blockéiert.
Ee Camion vun der Provençal gouf blockéiert
Um Mëttwoch de Moien ass ee Camion vum Lëtzebuerger Betrib Provençale zu Neufchâteau ugehale ginn. Donneschdes Moies eréischt konnt de Camion weiderfueren, seet de Georges Eischen, Gerant vun der Provençale.
"Mir hu mat de Bauere geschwat. Déi waren zwar korrekt um Telefon, mee si wollte keng Ausnam maachen, och net fir eis. Si hunn alleguer d’Frigoscamionen do ugehalen, déi do duerch komm sinn."
Wéi de Camion weider fuere konnt, wieren d‘Wuere rapatriéiert ginn. Ee groussen Deel vun der Wuer hätt nach kënne verkaf ginn, verséchert de Georges Eischen.
"Dat heescht, Zäit hu mir als Perte, e bëssen Diesel a Bensinn fir hin an hir ze jauwen, d‘Roserei, an Telefonen. Dat hu mir alles als Perte. Mee voilà, ech mengen, mir iwwerliewen dat do."
Maximal 20 Prozent vum Marché ass betraff
Suerge mécht hie sech Stand haut keng ëm d‘Liewensmëttel-Versuergung an de Lëtzebuerger Supermarchéen. Dat, wëll nëmmen eng Partie vun de Supermarchéë vun de belschen Distributiounszentere beliwwert ginn.
"Ech géing schätzen, datt dat 20 Prozent vum Marché sinn, oder ee Véirel vum Marché maximum wou et Problemer gëtt. Déi aner 80 Prozent vum Marché géing ech awer mengen hätte vläicht punktuell Mol déi eng oder aner Schwieregkeet, awer net esou vill Rayonen déi eidel sinn, sou datt een dee Problem awer muss nuancéieren."
Esou de Georges Eischen, deen och President vun der Fédération Luxembourgeoise de l'Alimentation et de la Distribution ass.