arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Trotz 500-Euro-Ticketen: "Mir waren immens iwwerrascht"

Fussball-WM 2026

|
reading time

5 min

headphones

4 min

play_arrow

Trotz 500-Euro-Ticketen: "Mir waren immens iwwerrascht"

D'Stëmmung am Virfeld vun der WM an den USA, Mexiko a Kanada war dës Kéier anescht wéi soss. Nieft politeschen Tensiounen a groussen Distanzen tëschent de Stadie waren ze deier Ticketen, eidel Stadien a keng richteg WM-Stëmmung e puer vun de Virwërf, déi ee virum Start konnt liesen.

reading time

5 min

headphones

4 min

play_arrow
© Eric Schmidt a Jeanne Pletsch
(Foto: Eric Schmidt a Jeanne Pletsch)

Den Eric Schmidt a seng Fra, d’Jeanne Pletsch vun Esch, hu sech ee Joer Congé sans solde geholl fir d’Welt ze bereesen. No Asien, Neiséiland an Europa huet et si elo an Nordamerika verschloen. 

"Et wier eis egal, wie mir do gesinn"

Well si grouss Fussballfans sinn, war fir si kloer, datt si Matcher live erliewe wëllen. Also hu si scho fréi probéiert Tickete fir d’Weltmeeschterschaft ze kréien, erkläert den Eric.

"Dat war schonn d'lescht Joer, iwwer d'FIFA hu mir eis do ugemellt, fir an d'Verlousung ze kommen, fir déi éischt Ticketen. An do ware mir geloust ginn, wou mir dann Ticketen ausgesicht hunn. Mee do wousste mir effektiv nach net, wie géif spillen. Dat heescht, dat war e bëssen eng Lotterie, mee mir hu gesot, et wier eis och am Fong egal, wat mir do gesinn."

Wéi si du bis d’Zouso fir d’Tickete kruten, hätte si d’Route vun hirer Rees deementspriechend ugepasst.

"Mir hate bis elo ee Match zu Boston, an elo maache mir e bësse Vakanz hei, an da geet et da weider op Vancouver, wou mir dann och nach zwee Matcher kucke ginn."

"Immens vill Stëmmung" vun de schottesche Fans

©  Eric Schmidt a Jeanne Pletsch
(Foto: Eric Schmidt a Jeanne Pletsch)

Den éischte Match, deen d’Koppel op Boston kucke war, war de Gruppematch Marokko géint Schottland. Eng wansinneg flott Experienz, erzielt den Eric.

"Mir waren immens positiv iwwerrascht iwwer d'Organisatioun vun deem Ganzen. Mir haten natierlech och d'Chance, a ganz Boston ware bal 40-50 Dausend Schotten, déi do de ganzen Dag, an och schonn déi Deeg virdrun, immens vill Stëmmung gemaach hunn."

Am Stadion wieren dunn och vill Supportere vu Marokko gewiescht, déi zu enger gudder Ambiance bäigedroen hunn. Eidel Sëtzer hätt hien am Foxborough Stadion mat iwwer 60.000 Plaze keng gesinn.

©  Eric Schmidt a Jeanne Pletsch
(Foto: Eric Schmidt a Jeanne Pletsch)

Police "vill méi locker, wéi geduecht"

Am Virfeld vum Match hunn den Eric an d'Jeanne gefaart, datt eventuell vill Police oder Militärpresenz kéint zu enger ugespaanter Stëmmung féieren. Deem wier awer op d'mannst zu Boston net esou gewiescht.

"Et ass eebe gutt, datt ee si gesinn huet, mee déi hunn awer elo net vill agegraff. Déi hunn och e bësse mat de Leit interagéiert. Et war och elo net, datt dat elo ganz streng war. Et ass vill méi locker erofgelaf, wéi mir eis geduecht hunn."

Och den Transport fir bei de Stadion an nees vum Stadion zeréck hätt dem Eric no ouni Problemer funktionéiert.

"Do sinn déi Zich, déi sinn am Zéng-Minutten-Takt gefuer, wann ee reservéiert huet. An och fir nom Match zeréck."

Dofir muss een awer e stolze Präis bezuelen. Den Aller-Retour hätt 80 Dollar kascht, sot den Eric. Dat wier da véiermol esou deier wéi de Präis, deen d’Transportgesellschaft vu Boston bei engem Match vun der lokaler Fussballekipp freet. Keen Eenzelfall, wéi een aus de Medie weess. Zu New York gouf et am Virfeld aus dem selwechte Grond grouss Opreegung.

D'Präisser wiere "wierklech e bëssen iwwerdriwwen"

An da wieren do nach d’Ticketen. Fir de Gruppematch Marokko géint Schottland hunn den Eric an d’Jeanne 300 Euro pro Ticket bezuelt. Fir déi zwee Matcher an der K.-o.-Phas waren d’Ticketen esouguer nach e Stéck méi deier. Tëschent 500 a 600 Euro erkläert den Eric. 

En Erliefnis, dat sech net jidderee leeschte kann.

"Menger Meenung no ass dat einfach ze deier, fir esou ee Match. Mir ginn och aner Saache kucken. Ech war den Olympesche Spiller, do waren d'Präisser mol net d'Hallschent, fir esou eppes kucken ze goen. Dat ass wierklech e bëssen iwwerdriwwen." 

"Genee esou, wéi ee sech eng WM virstellt"

Dat selwecht gëllt och fir d’Iessen an d’Gedrénks am Stadion. Méi wéi 15 Dollar fir e Béier a méi wéi 10 Dollar fir eng Fritt wieren net akzeptabel, fënnt den Eric. Positiv iwwerrascht goufen hien an d'Jeanne dogéint bei der WM-Ambiance an den USA.

"Well mir schonn e puer Weltmeeschterschafte verfollegen am Fernsee, hu mir geduecht, Amerika ass dat elo, well déi net esou Fussball begeeschtert sinn. Mee wann een hei duerch d'Stied geet, Boston, do ass iwwerall an all Café gesäit ee Fussball. Do sëtze Leit dat ze kucken a si sinn interesséiert drun. Et ass genee esou, wéi ee sech eng WM an där Envergure virstellt." 

©  Eric Schmidt a Jeanne Pletsch
(Foto: Eric Schmidt a Jeanne Pletsch)

Fir d’Koppel geet et no hirem Tëschestopp zu Chicago weider op Vancouver, wou si dann eng 16.-Finall an eng Aachtelsfinall kucke ginn. Den Eric hat gehofft, d’Kanadier virum eegene Public spillen ze gesinn. Dat ass leider net opgaangen. Amplaz wäerte si e Freideg de Moien eiser Zäit d’16.-Finall Schwäiz géint Algerie gesinn. 

An e puer Deeg drop dann nach eng Aachtelsfinall. De Rescht vum Tournoi suivéieren déi Zwee dann intensiv virun der Tëlee. Den Eric wäert dann Däitschland ufeieren an d’Jeanne hofft, datt d’Belsch et nach e puer Tier weider packt.

play_arrow Lauschteren