Radioen

On air

Notturno  |  Shintaro Sakamoto - Extremely Bad Man

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Tréierer Amokfaart: Prozess muss zum Deel nei opgerullt ginn

Landgeriicht Tréier

Tréierer Amokfaart: Prozess muss zum Deel nei opgerullt ginn

De Prozess ronderëm d‘Amokfaart zu Tréier muss zum Deel nei opgerullt ginn. De Bundesgerichtshof zu Karlsruhe huet d‘Urteel wéinst Rechtsfeeler opgehuewen. Den Ugekloten hat Revisioun ugefrot an deemno accordéiert kritt.

auto_stories

1 min

©  picture alliance/dpa | Harald Tittel
(Foto: picture alliance/dpa | Harald Tittel)

D‘Landgeriicht zu Tréier hat de Mann am August d‘lescht Joer ënner anerem wéinst méifachem Mord zu liewenslaangem Prisong verurteelt. Bei der Amokfaart duerch d‘Tréierer Akafsstrooss ware fënnef Mënschen ëm d‘Liewe komm.