arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Treffen zu London um Méindeg: Sécherheetsgarantië fir d'Ukrain sinn Thema

Krich géint d'Ukrain

|
headphones

2 min

Treffen zu London um Méindeg: Sécherheetsgarantië fir d'Ukrain sinn Thema

An de leschten Deeg goufen et Gespréicher tëschent der Ukrain an den USA zu Miami. Fir den ukrainesche President läit d’Prioritéit bei de Sécherheetsgarantië fir säi Land.

headphones

2 min

Keir Starmer a Wolodymyr Selenskyj | © picture alliance / Photoshot
Keir Starmer a Wolodymyr Selenskyj (Foto: picture alliance / Photoshot)

D’Souveränitéit, d’Onofhängegkeet mee och datt d’Sécherheet vun der Ukrain an Zukunft och garantéiert gëtt, fir ze verhënneren datt et ewéi an der Vergaangenheet nees zu Russeschen Attacke kënnt.

Konstruktiv Gespréicher mat den USA

An engem Telefonsgespréich mat deenen déi zu Miami a Florida un deem Friddensplang geschafft hunn, goufen déi Prioritéiten eng no der anerer diskutéiert.

Et wier ee konstruktiivt Gespréich gewiescht, esou den ukrainesche President Volodimir Selensky um soziale Medium X. Allerdéngs huet den Ukrainesche President a sengem Message keng Detailer zu Sécherheetsgarantie genannt.

Dem US-amerikaneschen Televisiounssender ABC no, wier et an deem Telefonsgespréich ëm d'Garantië vun den USA, mee och ëm déi territorial Froe gaangen.

Den US-Noriichte Portal Axios schreift iwwerdeems, datt een a Punkto Sécherheetsgarantië vill Fortschrëtter gemaach hätt, mee et wier ee sech nach net ganz eens driwwer.

Territorial Froe weiderhin op

Iwwer d’Problematik vum Territoire, dee Russland fir sech revendiquéiert, wieren d’Diskussiounen awer vill méi schwiereg.

Nach ëmmer feelen awer Detailer iwwert den aktuelle Stand vum US-amerikanesche Friddensplang. Déi éischt Versioun hat am Ganzen 28 Punkten, mee huet dem Kreml vill Konzessioune ginn, eppes wat net nëmmen d’Ukrain mee och d’Europäer schaarf kritiséiert hunn.

Mëttlerweil wiisst dowéinst d’Mësstraue vis a vis vun deenen déi fir d’USA d’Verhandlunge féieren, ënner hinnen de Jared Kushner, den Eedem vum US-President Donald Trump, dee keng Erfarung huet a punkto Diplomatie, an dee bekannt ass fir déi US-amerikanesch wirtschaftlech Interessien am Viséier huet.

Attacke gi weider 

Muer um Méindeg sollen et deemno zu London Gespréicher ginn, un deenen de Franséische President Emmanuel Macron, de Bundeskanzler Friedrich Merz an de brittesche Premier wäerten Deel huelen.

An Tëschenzäit hält Russland net op mat den Attacken. Grad ewéi e Samschdeg goufen et wärend der Nuecht eng sëllech Bombardementer, et wier eng vun de schlëmmsten Attacken zënter dem Ufank vun der russescher Attack viru 4 Joer. 653 Drone wiere gezielt ginn, grad ewéi 51 Hyperschallrakéiten vum Typ Kinschal an aner Rakéiten.

Viséiert goufen d’Gebidder ronderëm Kiew. Wéinst Attacken op Energie-Produktiounsanlagen, goufen et och Stroumpannen. A villen Ukrainesche Regioune missten d’Awunner wärend 16 Stonnen den Dag op de Stroum verzichten.

Mee och d’Ukrainer viséiere russesch Pëtrolsraffinerien, allerdéngs hunn d’Ukrainer keng zivil Infrastrukture getraff.