International sinn awer Marken wéi Vittel, Spa oder Gerolsteiner drënner.
Déi sougenannten "Eiwegkeets-Chemikalie“ TFA, virun där scho méi laang gewarnt gëtt, breet sech also ongebremst weider aus. Et ass dëst e Produit, deen duerch Pestiziden a Killmëttel ofgesat gëtt a sech net ofbaut an der Ëmwelt. D‘EU-Kommissioun plangt zwee Pestiziden, déi dofir responsabel sinn, ze verbidden.
De Mouvement écologique fuerdert Lëtzebuerg op, dëse Verbuet ze ënnerstëtzen a méi streng Schutzmesurë fir Waasserquellen ëmzesetzen.