Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Homer - So Get Up! Feat. MINOVA and Michael Rault

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Tom Wirion: "Dem Handwierk geet et net gutt"

Chambre des Métiers

Tom Wirion: "Dem Handwierk geet et net gutt"

D’Chambre des Métiers mécht sech Suergen: dem Handwierk – besonnesch dem Bau – géif et net gutt goen, an d’Perspektive wären och net roseg, hat d’Handwierkerkammer gëschter an engem Communiqué Alarm geschloen.

auto_stories

2 min

headphones

1 min

play_arrow

Am Secteur vum Bau wieren iwwert déi lescht 3 Joer ronn 4.000 Aarbechtsplaze verschwonnen. D’Faillitten am Secteur loungen op engem héijen Niveau, mat 197 Fäll. Am Verglach: dat Joer virdrun waren et der 155.

Nei Mesüren 

Déi ëffentlech Hand huet eng Rei Moossnamen decidéiert, fir dem Bausecteur ënnert d’Äerm ze gräifen. Et géing een drop hoffen, datt sech den Impakt vun de steierleche Mesurë bis de Summer géing weisen, sot den Tom Wirion, Generaldirekter vun der Handwierkerkammer um Donneschde Moien am 100komma7-Interview.

Chambre des Métiers fuerdert méi Suen 

Hien huet awer och eng weider Fuerderung un d’Regierung gestallt. D'Enveloppe budgétaire fir d'Kris am Logement misst eropgesat ginn. Dat, andeems de Staat méi VEFAen op privat Terraine leeft, mengt den Tom Wirion. Och déi ëffentlech Promoteure misste versichen, méi ze bauen an et misst méi ausgeschriwwe ginn. Him wier bewosst, datt een do net ëmmer mat der Bauteministesch op enger Linn ass. 

"Also mir erwaarde schonn, datt iwwert d'ëffentlech Investissementer de Secteur awer an der Aktivitéit ka gehale ginn. Dat ass dans l’immediat wichteg och fir den Emploi an et ass am moyen terme wichteg bei der Reprise."

Wann déi Leit net do wieren, géif et zu enger Penurie kommen, mengt den Tom Wirion weider. Da wier een och nees séier beim strukturelle Logementsproblem wéi e virun der Kris war. An da kéint och net genuch gebaut ginn, sou nach de Generaldirekter vun der Handwierkerkammer. 

Lauschteren play_arrow