Radioen

On air

Tockcity  |  Freddie Gibbs - Nobody

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Tierkei justifiéiert Verhaftung vu schweedeschem Journalist mat terroristesch Aktivitéiten

Verhaftung zu Istanbul

Tierkei justifiéiert Verhaftung vu schweedeschem Journalist mat terroristesch Aktivitéiten

D‘Verhaftung vun engem schweedesche Journalist an der Tierkei wier op terroristesch Aktivitéite vum Betraffenen zeréckzeféieren. De Journalist Joakim Medin wier Member vun där an der Tierkei verbuedener kurdescher Aarbechterpartei PKK. 

auto_stories

1 min

Hien hätt ausserdeem och den tierkesche President Erdogan bei enger Demonstratioun 2023 zu Stockholm beleidegt, behaapt déi tierkesch Regierung. Seng Verhaftung hätt deemno näischt mat senge journalisteschen Aktivitéiten ze ginn.

De Reporter vun der schweedescher Dageszeitung "Dagens ETC“ war d‘leschten Donneschdeg bei senger Arrivée zu Istanbul festgeholl ginn. Hie wollt do iwwer d‘Masseprotester géint d‘Verhaftung vum Oppositiounspolitiker an Istanbuler Buergermeeschter Ekrem Imamoglu berichten.

Gëschter um Samschdeg waren zu Istanbul nees Honnertdausende Leit op der Strooss. Si hunn d‘Liberatioun vum Ekrem Imamoglu an Neiwale gefuerdert.