Radioen

On air

Notturno  |  Tom Waits - Clap Hands

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Theaterpräis an Danzpräis 2023

Kultur

Theaterpräis an Danzpräis 2023

Haut den Owend goufen am Escher Theater déi Lëtzebuerger Danz- an Theaterpräisser iwwerreecht. Et war déi zweet Editioun vun der Präisiwwerreechung, déi all zwee Joer ofgehale gëtt.

auto_stories

2 min

D’Cérémonie selwer war vum Jaques Schiltz ënnert der mise en scène vun der Claire Wagener animéiert ginn. Besonnesch an engem Wahljoer huet dës ee frëschen a pickege Kader gesat. Dozou méi en Méindeg an eisem Kulturmagasinn um 17 Auer.

Fir dëst Joer goufen d’Kategorie vun de Lëtzebuerger Theaterpräisser nei opgefrëcht. Ënnert de fënnef Kategorie sinn zwou neier dobäi. Dat ass eemol d’Auszeechnung vum beschte Stéck, déi un d’Larisa Faber mat “Stark Bollock Naked” geet, an déi vum Schauspill - dës geet un d’Brigitte Urhausen fir hier Leeschtung an “Madame Köpenick”.

Den Timo Wagner ass fir seng Interpretatioun an “Songe d’une Nuit…” mat dem Präis fir d’Nowuesstalent ausgezeechent ginn, eng Kategorie déi den Ufank vun enger villverspriechender Karriär beloune soll.

Dobäi geet de Präis fir Konzept, Text a Regie un den Auteur Guy Helminger, dat fir säin Text vun “Madame Köpenick”.

D’Peggy Wurth kritt fir hier Kostümer a Bünebild vun “Zu unseren Schwestern, zu unseren Brüdern” d’Auszeechnung Hannert der Bün. Et ass eng Kategorie déi geschaaft gouf, fir déi Beruffer vun der Bünekonscht ze belounen, déi laut dem Kulturministère net dacks am Vierdergrond stinn.

Nieft den Theaterpräisser geet och eng Auszeechnung un d’Produktioun vun engem Theaterstéck, dat un ee jonke Public geriicht ass. Hei geet de Kanner- a Jugendtheaterpräis u “GO!” vun der Artezia ASBL a Corps in situ.

D’Léa Tirabasso ass fir hire Parcours als Choreografin mat dem Nationalen Danzpräis ausgezeechent ginn, an den Nationalen Theaterpräis fir d’Lierwenswierk krut d’Marja-Leena Junker.