Radioen

On air

De Weekend  |  The Weeknd, Justice - Wake Me Up

play_arrow Live
search

/ Thailand wëll gläichgeschlechtlech Bestietnisser legaliséieren

Gesellschaftsreform

Thailand wëll gläichgeschlechtlech Bestietnisser legaliséieren

An Thailand ass de Wee fräi fir gläichgeschlechtlech Bestietnisser ze legaliséieren. D‘Parlament zu Bangkok huet deen entspriechende Gesetzprojet ugeholl. Et feelt elo nach d‘Zoustëmmung vum Senat a vum Kinnek.

auto_stories

1 min

Thailännescht Parlament | © picture alliance / Zoonar | URS FLUEELER
Thailännescht Parlament (Foto: picture alliance / Zoonar | URS FLUEELER)

Et gëtt erwaart, datt och si bis d‘Enn vum Joer gréng Luucht wäerte ginn. Domat géif Thailand dat éischt Land a Südostasie ginn, an deem gläichgeschlechtlech Bestietnisser unerkannt ginn.