D‘Fra hat en Donneschdeg virun engem anere Gericht am Texas d‘Recht op déi Ofdreiwung kritt. Si erwaart e Kand mat grave Malformatiounen, a wollt dofir ofdreiwen. Prinzipiell ass am Texas awer eng Ofdreiwung verbueden.
An deem éischten Urteel, wat d‘Autorisatioun ginn hat, hätt de Riichter vu sengem Pouvoir abuséiert: déi concernéiert Fra géif d‘Konditioune fir eng Ofdreiwung net erfëllen, esou de Verdikt vum ieweschte Gericht.