Radioen

On air

De Weekend  |  Nathalie Mangen

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Terezia Mora - Muna oder Die Hälfte des Lebens

Literatur

Terezia Mora - Muna oder Die Hälfte des Lebens

Op Invitatioun vum Institut Pierre Werner war déi däitsch-ungaresch Schrëftstellerin Terezia Mora zu Lëtzebuerg. Si ass och bei eis komm an huet mam Valerija Berdi iwwer hire leschte Roman „Muna oder Die Hälfte des Lebens“, deen am Luchterhand-Verlag eraus komm ass, geschwat.

auto_stories

1 min

headphones

28 min

Terézia Mora | © Morgane Weidig play_arrow

D'Terezia Mora, Joergang 1971, ass an Ungarn zweesproocheg - däitsch an ungaresch - opgewuess. Zanter 1990 lieft si an Däitschland a fir hiren éischte Roman "Alle Tage"  huet si sëlleg Präisser kritt, ënner anerem de Leipziger Buchpreis.

All all hire Wierker befaasst si sech mat Personnagen, déi an dëser eiser Welt net hir richteg Plaz fannen, net dozou gehéieren. Esou och an dësem Wierk, wou mer d'Protagonistin Muna duerch 20 Joer vun hirem Liewe begleeden. E Liewen tëschent Berlin, London a Wien, matzen am kulturelle Geschéien an dann awer an enger Relatioun, wou si kierperlech a psychesch mëssbraucht gëtt.

D'Muna begéint hei vill Mënschen aus ganz ënnerschiddleche  soziale, sproochlechen a kulturelle Milieuen, hiert Elengsinn a sech Elleng fillen, ass dat wat se verbënnt.

Ganzen Interview lauschterenplay_arrow