Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Temporäre Schutz fir ukrainesch Flüchtlinge gëtt verlängert

Ukrainesch Flüchtlingen

Temporäre Schutz fir ukrainesch Flüchtlinge gëtt verlängert

D‘Protection temporaire fir ukrainesch Flüchtlinge gëtt hei am Land fir d'zweete Kéier verlängert. Dës Kéier bis de 4. Mäerz 2025.

auto_stories

1 min

D‘Protection temporaire ass e Mechanismus, deen am Mäerz virun zwee Joer, no der russescher Invasioun an d‘Ukrain, geschaf gi war.

Déi betraffe Leit mussen sech elo bei den zoustännegen Autoritéite mellen, fir hir Pabeieren ze erneieren. Dat huet den Inneministère matgedeelt.