Radioen

On air

9 bis 1  |  Lata Gouveia - Radio Night

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Temoignagen aus dem Noen Osten

Noen Osten

Temoignagen aus dem Noen Osten

Wéi gesinn d’Mënschen op der Plaz d’Situatioun ee Joer no der Hamas-Attack? Mir hu mat zwee Palästinenser geschwat, an awer och mat engem Lëtzebuerger, deen den Ament an Israel ass.

auto_stories

3 min

Gaza | © picture alliance/dpa | Omar Ishaq
D'Gazasträif ass quasi komplett zerstéiert. (Foto: picture alliance/dpa | Omar Ishaq)

Ee Joer ass et haut hier, datt d’Terrororganisatioun Hamas mat alliéierte Milizen Israel ugegraff huet. Wéi gesinn d’Mënschen op der Plaz d’Situatioun ee Joer no der Hamas-Attack? Dat hu mir ënner anerem de Ziad Medoukh gefrot, deen als Franséischprofesser op der Uni zu Gaza-Stad geschafft huet, an dee seng Stad zënter engem Joer ni verlooss huet.

Déi aktuell Situatioun zu Gaza-Stad wier terribel: 85 Prozent vun der ziviller Infrastruktur wieren zerstéiert ginn. Bal all d’Klinicke wieren ausser Service. Dobäi kéim am Norde vun der Gazasträif den Honger. 

Wéi hunn d’Hamas-Attack vum 7. Oktober an d’Konsequenzen dovun dem Ziad Medoukh säi Liewe verännert?

De Ziad Medoukh iwwer seng Situatiounplay_arrow

Eng aner Palästinenserin, mat där de radio 100,7 schwätze konnt, lieft am Flüchtlingslager zu Jenin am Norde vum Westjordanland. An dësem Camp vun engem Quadratkilometer géifen eng 19.000 Mënsche liewen, esou d’Amal, där hire richtegen Numm mir aus Sécherheetsgrënn net kënnen nennen.

Der Amal hir Situatiounplay_arrow

De Flüchtlingscamp zu Jenin am Westjordanland wier “invivable”, esou d’Amal. 

Wéi gesäit si d’Attack vun der Hamas haut virun engem Joer?play_arrow

Souwäit d’Meenung vun der Palästinenserin Amal, déi am Flüchtlingslager zu Jenin lieft. Et wier wéi wann de 7. Oktober 2023 Israel d’Recht géif ginn, zënterhier alles ze maachen, wat et wéilt, kritiséiert si. D’Léisung vum Konflikt géif all Mënsch kennen: d’Unerkennung vun de béide Staaten, esou d’Amal: Israel allerdéngs wéilt dës Unerkennung net.

De Lëtzebuerger Robi Wolf ass de Moment zu Tel-Aviv zu Israel, wou hien d'lescht Woch higeflunn ass fir mat senge Kanner an Enkelkanner dat jüddescht neit Joer ze feieren. Och hie wënscht sech, datt am Konflikt séier eng Léisung fonnt gëtt a gehäit sengersäits de Ball a Richtung Hamas an hiren Alliéierten.

"Et gëtt héich Zäit, dass de Konflikt den Enn kritt. Vill ze vill Mënsche leiden drënner, haaptsächlech Kanner. Et gëtt héich Zäit, dass d'Hamas d'Geisele fräigëtt, op d'mannst déi, déi nach liewen. Et gëtt héich Zäit, dass den Iran ophält, Israel a senger Existenz ze bedroen, duerch den Hisbollah am Libanon, der Hamas am Gaza, d'Huthien am Jemen an aner Gruppen am Irak an a Syrien."

Ob hien a seng Famill sech zu Tel-Aviv a Sécherheet fillen? Och dat hu mir hie gefrot. Hie géing sech den Ëmstänn entspriechend a Sécherheet fillen.

"Jo, mir fillen, dass mir an enger relativer Sécherheet sinn. Wéi gesot, déi ass just relativ. Den Owend vun der iranescher Attack war et scho beängschtegend. Mir stounge mat onse Kanner wärend enger längerer Zäit am Trapenhaus an hunn déi immens haart Sireenen héieren an dann déi massiv Detonatiounen héieren a souguer ze spiere krut."

Aktualitéit
International
Noen Osten