Dat éier de Comité de suivi Tripartite um Dënschdeg zesummekënnt fir ënner anerem iwwer eng méiglech Verlängerung vun de Mesuren aus dem Tripartite-Accord ze schwätzen.
Am Juni haten d’CSV-DP-Regierung an d’Sozialpartner ofgemaach, datt de Staat bis Enn des Joers fënnef Cent um Liter Diesel a Bensinn bäileet, beim Mazout sinn et 15 Cent de Liter a beim Gas 15 Cent pro Meterkibb. D’ADR an déi Lénk si fir eng Verlängerung, déi aner Oppositiounsparteie fuerderen aner Mesuren.
Risk d'Klimaziler ze verfeelen
Entlaaschtunge fir d’Leit wieren néideg, mee sollten net op d’Käschte vun der Ëmwelt goen, seet d’Sam Tanson vun déi gréng.
"Eng Baisse op der TVA zum Beispill och bei de Grondnarungsmëttel, och beim Elektreschen zum Beispill. Ech denken, dass et nach aner Piste ginn, déi manner klimaschiedlech sinn, fir eeben op d'Inflatioun och kënnen ze agéieren."
Duerch de Rabatt wier den Tanktourismus op de Lëtzebuerger Tankstellen erëm geklommen. Doduerch riskéiert een, d’Klimaziler ze verfeelen. Iwwerdeems géing eng Verlängerung vun de Subventioune géint d’CO2-Steier goen, déi d'nächst Joer ugehuewe gëtt, esou nach d’Sam Tanson.
Sozialiste preferéieren aner Léisung
Der LSAP no dierft een dat laangfristegt Zil vun der Energieonofhängegkeet net aus den A verléieren. Kuerzfristeg géing ee sech enger Verlängerung awer net verschléissen. Mee et wier besser, op aner Mesuren zeréckzegräifen, fënnt d’LSAP Deputéiert Taina Bofferding.
"Wann Dir eis elo direkt frot, si mir éischter fir eben eng méi sozial gestaffelt Solutioun, eben eng méi cibléiert Hëllef, ebe mat esou engem Crédit d'Impôt Energie, wéi mir schonn an der Vergaangenheet haten."
ADR a Lénk sinn der nämmlechter Meenung
De Fred Keup vun der ADR ass fir eng Verlängerung vum Tankrabatt a fënnt, datt een envisagéiere kéint de Rabatt auszebauen. Op de Klimawandel geet hien dobäi net an.
"Et setzt een einfach d'Steieren e bësse rof, ne? Dat ass jo elo net onbedéngt eng Subventioun, wou ee Suen aus der Staatskeess hëllt a se do erapompelt. A wann den Tanktourismus zouhëlt, dann ass dat fir de Staatsbudget eng gutt Saach."
Och déi Lénk sinn den Ament fir eng Verlängerung, well nach vill Stéit mat Mazout hëtzen. Et misst awer weiderhin op Alternativen zu de fossille Brennstoffer higeschafft ginn.