Den Nationalcomité vun der CSV géif den Owend zesumme kommen, fir iwwer déi Fro ze beroden. Et wier awer elo scho kloer, datt d’CSV an enger nächster Regierung wéilt de Premierminister stellen, betount de Parteipresident.
"Mir si bei Wäitem déi stäerkst Partei: 7 Setz méi ewéi d’DP, 10 méi ewéi d’LSAP. An dofir ass et an eisen Ae selbstverständlech, datt mir den Usproch op de Premierminister wäerte stellen. Dat ass normal fir déi stäerkst Partei, an dat wäerte mir och esou maachen."
Nieft dem Claude Wiseler hunn och d'Djuna Bernard vun déi gréng, Carole Hartmann vun der DP an d'Francine Closener vun der LSAP op d'Walresultat reagéiert.