Vum Philip Crowther, fir den 100,7, vun Damaskus.
All Owend gouf des Woch op der Umayyab-Plaz am Zentrum vun Damaskus gefeiert. Honnerte Syrier:inne weisen houfreg de Fändel vun der Oppositioun. All déi al goufen zerstéiert, genee ewéi d’Portraite vum Bashar Al-Assad déi iwwerall an den Deeler vum Land déi seng Arméi kontrolléiert hat, ze gesi waren. Elo kann een anti-Assad Lidder sangen, ouni Angscht an de Prisong geheit ze ginn an ze verschwannen.
D'Rebelle selwer feiere mat, si sinn d’Helden déi et gepackt hunn d’Assad-Dynastie vu 50 Joer ze stierzen. Si sinn elo un der Muecht, a si warscheinlech selwer iwwerrascht, esou séier ass et gaangen.
Ministere behalen hir Plaz um Dësch
A si organiséieren elo eng Transitioun, eng friddlech bis elo. Si stellen de neie Premier par Interim, de Mohammed al-Bashir, en Islamist wéi de Recht vun de Rebellen. Fir déi al Regierung aus der Zäit vum Assad ass awer eng Plaz um Dësch. D’Ministere bleiwen, dat ass remarkabel no bal 14 Joer Biergerkrich an esou vill Roserei op den ale Regimm.
Bis Ufank Mäerz soll et des Iwwergangsregierung ginn. Wat duerno kennt ass net kloer. D’Land ass nach ëmmer am Biergerkrich, et gëtt tëscht ville verschidde Gruppen an aneren Deeler vum Land gekämpft. Mee dëse Rebelle-Grupp HTS, Hayat Tahrir al-Sham huet och elo d’Iwwerhand an der Stad Deir el-Zour am Oste. Si schéngen d’Dynamik op hirer Säit ze hunn.
Dat neit Syrien ass islamistesch an et feiert. Trotz der Euphorie léisst de grousse Retour vu Syrier aus dem Ausland op sech waarden. Vill wëlle wuel fir d’éischt gesi wat aus dësem neie Syrien gëtt.