Radioen

On air

Soundcheck  |  Florence and the Machine bei de BBC Proms 2024

play_arrow Live
search

/ Syresch Rebellen erklären Damaskus "Fräi vum Assad": Regime gestierzt

Biergerkrich

Syresch Rebellen erklären Damaskus "Fräi vum Assad": Regime gestierzt

A Syrien ass de Regime vum Baschar al-Assad gefall. Hie selwer ass vun Damaskus geflücht. Wouhin ass net gewosst. D'Allianz vu Rebellen, déi zanter 10 Deeg eng erfollegräich Offensiv maachen, hunn de Presidentepalais zu Damaskus ageholl. 

auto_stories

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Rami Alsayed
Foto: picture alliance / NurPhoto | Rami Alsayed

An den Deeg virdrun haten si scho de Kontroll iwwert Aleppo an och Homs iwwerholl. 

D'Rebellen hunn annoncéiert, d'Muecht friddlech wëllen ze iwwerhuelen. Esou sollen ëffentlech Institutiounen zu Damaskus ënnert der Opsicht vum fréiere Premier bleiwen. Deen huet och annoncéiert wëllen ze kooperéieren. 

25 Joer Regime vum Assad

D'Arméi huet de Regierungszaldoten annoncéiert, datt d'Regierungszäit vum Assad eriwwer ass. Dat no 25 Joer un der Muecht. Eng Zäit déi markéiert war vum syresche Biergerkrich, deen 2011 ugefaangen hat, an Honnertdausende Leit an d'Flucht gedriwwen hat.

Virum Baschar al-Assad hat scho säi Papp Hafez al-Assad d'Land 30 Joer laang autoritär regéiert. 

A Sozial Medien zirkuléiere Videoen, déi d‘Populatioun vun Damaskus weisen, déi feieren, danzen an sech freeën iwwert d‘Entwécklung vun der Situatioun.