An den Deeg virdrun haten si scho de Kontroll iwwert Aleppo an och Homs iwwerholl.
D'Rebellen hunn annoncéiert, d'Muecht friddlech wëllen ze iwwerhuelen. Esou sollen ëffentlech Institutiounen zu Damaskus ënnert der Opsicht vum fréiere Premier bleiwen. Deen huet och annoncéiert wëllen ze kooperéieren.
25 Joer Regime vum Assad
D'Arméi huet de Regierungszaldoten annoncéiert, datt d'Regierungszäit vum Assad eriwwer ass. Dat no 25 Joer un der Muecht. Eng Zäit déi markéiert war vum syresche Biergerkrich, deen 2011 ugefaangen hat, an Honnertdausende Leit an d'Flucht gedriwwen hat.
Virum Baschar al-Assad hat scho säi Papp Hafez al-Assad d'Land 30 Joer laang autoritär regéiert.
A Sozial Medien zirkuléiere Videoen, déi d‘Populatioun vun Damaskus weisen, déi feieren, danzen an sech freeën iwwert d‘Entwécklung vun der Situatioun.