arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Friedrich Merz: 80 Prozent vun de Syrer an Däitschland sollen zeréck an hir Heemescht

Däitschland

|
reading time

1 min

Friedrich Merz: 80 Prozent vun de Syrer an Däitschland sollen zeréck an hir Heemescht

Den däitsche Bundeskanzler Friedrich Merz wëllt, datt an den nächsten dräi Joer ee Groussdeel vun de Syrer:innen an Däitschland erëm zeréck an hir Heemescht soll goen. Bei engem Treffe mam syreschen Iwwergangspresident Ahmed al-Scharaa zu Berlin huet hie vu ronn 80 prozent geschwat. 

reading time

1 min

Ahmed al-Sharaa, Frank-Walter Steinmeier  | © EPA/FILIP SINGER
Ahmed al-Sharaa, Frank-Walter Steinmeier (Foto: EPA/FILIP SINGER)

Den Ament liewe bal 1 Millioune Syrer:innen an Däitschland.

Den Ahmed al-Scharaa ass haut op Visitt an Däitschland. Hie gouf zu Berlin vum Bundespresident Frank-Walter Steinmeier am Schlass Bellevue empfaang.

Bei de Gespréicher soll et virun allem ëm d‘Réckféierunge vu syresche Flüchltinge goen an ëm de Rëmopbau vu Syrien. D‘Visitt, déi eigentlech schonn am Januar sollt sinn, suergt fir ënnerschiddlech Reaktiounen an Däitschland, et sinn souwuel Leit dofir wéi dogéint op d‘Strooss gaangen. Géigner geheien dem al-Scharaa seng islamistesch Vergaangenheet a Gewalt géint Minoritéite vir. 

Ahmed al-Scharaa wier ëmmer nach een Islamist

Den Ahmed al-Scharaa war bis Enn 2024 Chef vun der Islamistemiliz HTS a Syrien, déi no bal 14 Joer Biergerkrich de Staatschef Baschar al-Assad gestierzt hat. 

Den SPD-Politiker Hakan Demir sot um Deutschlandfunk, datt den al-Scharaa nach ëmmer en Islamist wier, och wann hien elo e Kostüm un hätt. A Syrie wiere Minoritéiten, virun allem déi Chrëschtlech, bedrot.