search

/ Danzt mam Radio 100,7 an dat neit Joer!

Silvester

|
headphones

2 min

Danzt mam Radio 100,7 an dat neit Joer!

Erlieft d'Silvesternuecht mat 3 DJ-Sets um Radio 100,7 vun 20:00-02:00 Auer! Curatéiert vum Andrea Mancini.

headphones

2 min

An der Silvesternuecht loosse mir et kraachen! Mat DJ-Sets vun 3 Lëtzebuerger Artisten danze mir mat Iech vun 20:00-02:00 Auer an dat neit Joer.
D’Affiche gouf dëst Joer curatéiert vum Andrea Mancini, deen eis och no Mëtternuecht mat engem Set am Joer 2026 begréisst. Mir wënschen Iech all e gudde Rutsch!

saintdegaspar (20:00-22:00 Auer)

Den Dylan Marques alias saintdegaspar bezeechent sech selwer als “portugiseschen Artist”. Hien ass zu Lëtzebuerg opgewuess, leet zënter 3 Joer op a lieft aktuell zu Berlin.

A leschter Zäit géif hie méi Sets fir Radioe spille wéi am Club. Momentan huet hien eng Residence zu Bréissel beim Community Radio Microwave.

Musek hätt ëmmer e wichtegen Deel a sengem Liewe gespillt, seet den Dylan Marques. Mat 10 huet hien ugefaange Gittar ze spillen an zënterhier géif hien all Dag spillen. Am Januar soll och Musek vun him erauskommen.

Stilistesch setzt saintdegaspar sech keng Grenzen. Mol spillt hien Ambient, mol Funk an Afro-Sets, an ëmmer gär Hiphop.

Samir Chani (22:00-00:00 Auer)

De Samir Chani huet lëtzebuergesch an algeeresch Wuerzelen. Hien ass zu Lëtzebuerg opgewuess an huet 3 Joer vu sengem Liewen zu New York a 7 Joer zu London verbruecht.

Zu London gouf et vill jonk Leit tëschent 20 an 30 Joer, déi zu Lëtzebuerg deemools gefeelt hunn. Dofir hätt hie seng 20er an der englescher Haaptstad verbruecht. Mee hie wier frou, nees zu Lëtzebuerg ze sinn. Hei kéint ee mëttlerweil och gutt erausgoen.

Stilistesch ass hien éischter oldschool: De Sound aus den amerikanesche Museksmetropolen Detroit, Chicago an New York aus de spéiden 80er bis déi fréi 2000er.

Niewent dem Opleeën a Produzéiere vun elektronescher Danzmusek organiséiert de Samir och selwer Eventer mat sengem Kollektiv Secret Roots.

Cleveland (00:00-02:00 Auer)

Den Andrea Mancini ass um 100,7 keen Onbekannten: Samschdes owes um 21 Auer presentéiert hien d’Emissioun Palatino FM.

Als Cleveland produzéiert hien elektronesch Musek, an där hien déi bekannte Forme vun Techno an House ëmmer méi mutéiert an abstrahéiert. Seng rezent Releasen um Label Kalahari Oyster Cult schwätzen eng ganz eege Sprooch.

Niewent senger Aarbecht als DJ a Produzent ass den Andrea als Kënschtler am Sound- an Installatiounsberäich aktiv. 2024 huet hie Lëtzebuerg bei der Biennale fir zäitgenëssesch Konscht zu Venedeg vertrueden.