Radioen

On air

Kultur um 5  |  Eurosonic - wat ass dat iwwerhaapt?

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Suergen ëm de Schengen Accord: Jean-Claude Juncker kritiséiert däitsch Grenzkontrollen

Däitschland

Suergen ëm de Schengen Accord: Jean-Claude Juncker kritiséiert däitsch Grenzkontrollen

Zwee Deeg ier d‘Kontrollen un allen Däitsche Grenzen applizéiert solle ginn, huet déi däitsch Inneministesch Nancy Faeser dës Mesure nach eemol verdeedegt. Iwwerdeems kritiséiert de fréiere Premier Jean-Claude Juncker déi ugekënnegt Kontrollen.

auto_stories

1 min

Jean-Claude Juncker | © European Union
Foto: European Union

Däitsche Medie géintiwwer schwätzt d'Nancy Faeser vun enger Mesure, déi déi irregulär Migratioun zeréckdränge soll an déi néideg wier, bis datt d‘Ëmsetzung vun der europäescher Asylreform gräift. 

De fréiere Premier Jean-Claude Juncker steet deene vun Däitschland ugekënnegte Grenzkontrolle kritesch géintiwwer: Et géif him net ubruecht schéngen, elo ëm d’Sujete Flüchtlingen an illegal Immigratioun erëm iwwer méi e laangen Zäitraum där Kontrollen duerchzeféieren, sot den Ex-EU-Kommissiounspresident der Däitscher Presse-Agence.

Hie wier kee Frënd vu stationäre Kontrollen un der Grenz, well si massiv Problemer fir d’Frontaliere bedeite géifen. Den CSV-Politiker mécht sech Suergen ëm de Schengen-Accord. Fir hie wiere mobil Kontrollen am Hannerand besser. Et dierft een an de Käpp an an den Häerzer vun de Leit net nees Grenzen entsoe loossen.

Kritik och vun der däitscher Police

Déi däitsch Police zweiwelt un der Ëmsetzbarkeet vun de Grenzkontrollen, wéinst dem Manktem u Personal. Déi däitsch Policegewerkschaft sot dem Redaktionsnetzwerk Deutschland géintiwwer, datt een elo oppasse misst, net an enger längferfristeg Iwwerlaaschtung ze rëtschen. Bis e Méindeg wier een domat beschäftegt, all Ressourcen zesummenzesammelen.