Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Südkoreanesche President warnt viru Waffegeschäfter tëscht Russland an Nordkorea

International

Südkoreanesche President warnt viru Waffegeschäfter tëscht Russland an Nordkorea

De südkoreanesche President Yoon Suk Yeol huet virun de Vereenten Natiounen de Moie viru Rüstungsgeschäfter tëscht den Nopeschlänner Russland an Nordkorea gewarnt.

auto_stories

1 min

© Flickr / Kang Min Seok
Foto: Flickr / Kang Min Seok

Sollt Nordkorea am Austausch géint Liwwerunge mat konventionelle Waffen a Russland déi néideg Technologie kréien, fir seng eege Massevernichtungswaffe kënnen ze verbesseren, wier dat eng direkt Provokatioun. Da wier net just d‘Ukrain a Gefor, mee och Südkorea.

Den nordkoreanesche Staatschef Kim Jong-un war d‘lescht Woch op Visitt beim Kremlchef Wladimir Putin zu Moskau. Dem Putin no géif et Potential fir den Ausbau vun der militärtechnescher Kooperatioun tëscht béide Länner, dobäi géif Russland sech awer un d‘Sanktioune vum UNO-Sécherheetsrot halen.