Radioen

On air

Am Buedmantel  |  Les Imprimés - With You

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Südkorea: Quorum fir de Vott iwwer Destitutioun konnt net erreecht ginn

No Ausruff vum Ausnamezoustand

Südkorea: Quorum fir de Vott iwwer Destitutioun konnt net erreecht ginn

A Südkorea ginn et Onrouen, op d'mannst 150.000 Manifestanten hu sech virum Parlament zu Seoul versammelt. Et sollt iwwer d’Destitutioun vum President Yoon Suk Yeol ofgestëmmt ginn. De Quorum gouf awer net erreecht. Deputéiert vum President senger Partei hunn de Vott boykottéiert. 

auto_stories

2 min

© picture alliance / NurPhoto | Chris Jung
Foto: picture alliance / NurPhoto | Chris Jung

De Yoon Suk Yeol hat eng Staatskris ausgeléist nodeems en een Dënschdeg d’Krichsrecht dekretéiert hat, an domat den Ausnamezoustand ausgeruff hat. D’Parlament huet eng weider Eskalatioun verhënnert.

Ee Récktrëtt vum President Yung Sukiol wier onvermeidlech, huet de Chef vun der Regierungspartei e puer Stonne virum geplangte Vott am Parlament betount. De President wier net méi amstand, säi Mandat auszeüben. Hien hätt géint d'Verfassung verstouss.

Kuerz virdrun hat de südkoreanesche Staatschef sech op der Televisioun entschëllegt, well hien d'Krichsrecht verhaangen hat a well hien d'Arméi dozou gezwongen hat, d'Parlament ze stiermen. Dee Manöver konnt am Parlament awer gestoppt ginn, d'Deputéiert haten d'Dieren zougespaart an d'Krichsrecht gouf vum Parlament séier opgehuewen.

Konservativ Deputéiert hu Vott boykottéiert

A senger Usproch op der Televisioun hat de konservative President um Samschdegmoien nach annoncéiert, datt hien déi politesch Responsabilitéit géif fir säin Handelen iwwerhuelen. Hie selwer huet awer net demissionéiert, et wier elo u senger Partei, der Vollekspartei PPP ze decidéieren, wéi laang hien nach am Amt kéint bleiwen. De Samschdegmoien sollt d'Parlament iwwert d'Destitutioun ofstëmmen, mee fir e President ofzesetzen, mussen zwee Drëttel vun den 300 Deputéierte present sinn.

De Quorum konnt wéinst dem Boykott vun de konservativen Deputéierten net erreecht ginn, allerdéngs steet de President nach ëmmer ënner Drock, well d'Justiz elo wéinst d'Rebellioun géint hien enquêtéiert.