Radioen

On air

Concert  |  100 Joer Swedish Radio Choir

play_arrow Live
search

/ Südkorea: Neiwale sinn den 3. Juni

Nodeems de President ofgesat gouf

Südkorea: Neiwale sinn den 3. Juni

A Südkorea ass den 3. Juni eng virgezunne Presidentewal. Do gëtt de Nofollger gewielt vum Yoon Suk Yeol. Hie gouf leschte Freideg vum Verfassungsgeriicht als President ofgesat no sengem gescheiterte Versuch, am Dezember zejoert d'Krichsrecht a Südkorea ze imposéieren.

auto_stories

1 min

© Bigstock
(Foto: Bigstock)

Den Interimspresident Han Duck-soo huet de Waldatum vum 3. Juni an engem Regierungsconseil matgedeelt. Hien huet preziséiert: Den Dag vun der Presidentewal gëtt e Feierdag, fir datt esou vill Leit wéi méiglech kënne wiele goen.

Favorit an de Sondagë fir neie südkoreanesche President ze ginn ass den Oppositiounspolitiker Lee Jae-myung, de Chef vun der demokratescher Partei.