Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Maribou State - Otherside Feat. Holly Walker

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Südkorea: Interimspresident gouf ofgesat

Politesch Kris

Südkorea: Interimspresident gouf ofgesat

Südkorea kënnt um Joresenn net zur Rou: Um Freidegmoien huet de Prozess géint den ofgesate President Yoon Suk Yeol ugefaangen. Quasi zäitgläich huet d’Parlament och säin Nofollger, den Interimspresident, Han Duck-Soo ofgesat well hie keng nei Riichter fir d’Verfassungsgeriicht genannt. Domat huet hie säi Virgänger geschützt.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: picture alliance / NurPhoto | Chris Jung

Geschriwwe vum Ilana Joseph

All d’Deputéiert, déi eng Stëmm ofginn hunn, hu géint den Interimspresident gestëmmt. Den Han Duck-Soo hat et net fäerdeg bruecht déi fräi Riichterposten um Verfassungsgeriicht ze besetzen.

Et kënnt op all Stëmm vu Richter:innen un

Grad dat Verfassungsgeriicht soll déi nächst Wochen d’Reprochë géint de President Yoon iwwerpréiwen. An do kënnt et op all Stëmm un. 

Momentan si just sechs vun néng Riichterplaze besat. Fir d’Destitutioun vum President ze confirméieren, sinn op d’mannst sechs Stëmme vu Riichter a Riichterinnen néideg. Well d’Posten net all besat ginn, geet also eng eenzeg Veto-Stëmm duer fir de suspendéierte President am Amt ze loossen. 

De President Yoon Suk Yeo gouf vum Parlament ofgesat well hien Ugangs Dezember d’Krichsrecht iwwerraschend ausgeruff hat. Den offizielle Grond soll d’Protektioun vun der Natioun gewiescht sinn. Hie hätt wëllen anti-staatlech Forcen, déi fir Opstänn gesuergt hunn, bekämpfen.

No massive Protester an engem Géigevott am Parlament huet hien d’Krichsrecht nach den nämmlechten Dag rëm zeréck gezunn. 

Gëtt Rebellioun bewisen, riskéiert de President Doudesstrof

Der Oppositioun ass et an engem zweete Versuch, de 14. Dezember, gelongen, de President mat enger zwee Drëttel Majoritéit ofzesetzen. Sie geheien him Rebellioun an Amts- a Verfassungsmëssbrauch vir. D’Verfassungsgeriicht préift elo genee déi Reprochen an decidéiert an e puer Wochen oder Méint ob d’Ofsetze vum President verfassungskonform war oder net.

Vum Urteel hänkt of, ob de Yoon Suk Yeol rëm zeréck un d’Muecht dierf oder ob et zu Neiwale kënnt. Wann dem President Rebellioun ka bewise ginn, da riskéiert hie souguer d’Doudesstrof.

De Finanzminister a Vize-President Choi Sang-Mok soll elo d’Mandat vum Interimspresident iwwerhuelen, mellt d’Presseagence AFP. D’Situatioun a Südkorea bleift weiderhin extreem ugespaant. Wéinst der politescher Onsécherheet huet déi südkoreanesch Wärung, de Won, u Wäert verluer. Iwwerdeems léisen d’Nuklear-Menacë vun Nordkorea weiderhi Suergen aus.

Lauschterenplay_arrow