Den zweete Vott, fir de Politiker lass ze ginn, deen um Ufank vum Mount fir e puer Stonnen d’Krichsrecht am asiatesche Land ausgeruff hat, war deemno de richtegen. 85 Deputéiert hunn iwwerdeems géint d’Motioun gestëmmt, fir de President ofzesetzen, 3 hu sech der enthalen an 8 Bulletine waren ongülteg. An de Stroosse vu Seoul haten 200.000 Manifestante géint de President demonstréiert.
arrow_back_ios
Noriichten
Noriichten
/ Südkoreanescht Parlament huet de Yoon Suk Yeol ofgesat
International
Südkoreanescht Parlament huet de Yoon Suk Yeol ofgesat
D’südkoreanescht Parlament huet de Moie mat 204 vun am Ganzen 300 Stëmmen de President Yoon Suk Yeol ofgesat.
auto_stories
1 min
Foto: Flickr / Kang Min Seok