Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Stuerm op der Île de la Réunion fuerdert op mannst zwee Doudesaffer

Cyclone Garance

Stuerm op der Île de la Réunion fuerdert op mannst zwee Doudesaffer

Bis ewell sinn op mannst dräi Mënschen opgrond vum Cyclone ëm d'Liewe komm. De Prefet vun der Insel huet vun engem brutalen an heftege Stuerm geschwat.

auto_stories

1 min

Illustratioun Stuerm | © picture alliance / Geisler-Fotopress | Christoph Hardt/Geisler-Fotopres
Illustratioun Stuerm (Foto: picture alliance / Geisler-Fotopress | Christoph Hardt/Geisler-Fotopres)

Um Donneschdeg Moien, géint 10 Auer Lokalzäit, ass den tropesche Wirbelstuerm Garance staark op der Ile de la Reunion ukomm, mat Wandstéiss vu bis zu 234 km/h. Dat mellt Météo France.

Duerch déi geféierleche Wiederkonditiounen si bis ewell dräi Persounen ëm d'Liewe komm. Eng Fra wier gestuerwen, wéi e Bam ëmgefall ass, an e Mann duerch e Feier, dat op e Kuerzschloss zréckzeféiere wier. 

Weider wieren eng 180 000 Persounen ouni Stroum an eng 82 000 Leit ouni Drénkwaasser.

Gëschter um Mëttwoch haten déi lokal Autoritéiten déi héchsten Alerte, eng Alerte violette, annoncéiert, déi e Confinement virgesäit. Och fir d'Rettungsdéngschter. De Stuerm ass elo awer op eng rout Alerte erofgestuuft ginn, wat bedeit datt d’Rettungsdéngschter vun elo un an den Asaz kënnen. E Confinement ass trotzdeem virgesinn.

D'Bewunner:inne missten awer weiderhin dobanne bleiwen, well d'Wiederkonditiounen iwwert de ganzen Dag extrem solle bleiwen. Mat weiderhi staarkem Reen a geféierleche Wandstéiss.

De franséische President Emmanuel Macron hat gëschter op X den Inselbewunner:innen Ënnerstëtzung zougesot a si dozou opgeruff sech ze schützen.