Radioen

On air

Notturno  |  Jesca Hoop - Sudden Light

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Stroumreseau: Wat bedeit déi nei Tarifstruktur fir d‘Verbraucher:innen?

Energie

Stroumreseau: Wat bedeit déi nei Tarifstruktur fir d‘Verbraucher:innen?

An der Stroumrechnung ginn d‘Käschte fir d‘Stroumnetzer vum 1. Januar un dynamesch berechent. Dat heescht, datt et zu bestëmmten Auerzäite méi oder manner wäert kaschten, d‘Stroumnetz ze benotzen. Wat bedeit dat fir d‘Verbraucher:innen? Eng Analys vum Pierre Reyland.

auto_stories

3 min

headphones

5 min

play_arrow

Den Ament ginn d‘Käschte fir de Stroumreseau um Gesamtverbrauch berechent, mee um Enn ass et fir jiddereen:t e fixe Präis. Vum 1 Januar u gëtt net méi just gekuckt, wéi vill Stroum duerch de Reseau geet, mee virun allem och wéini. Well jee no Auerzäit ginn et staark Schwankungen. Zum Beispill no der Aarbecht, 17 bis 21 Auer owes, wou vill Stroum duerch de Reseau leeft, well vill Leit zur selwechter Zäit Stroum benotzen. Do ass d'Stroumnetz méi staark belaascht. 

De Regulateur ILR seet, d‘Netztariffer mussen esou gestalt ginn, datt se "Verusaacher-gerecht" sinn. Dat heescht, wann d'Stroumnetz staark belaascht ass, kascht et méi, a wa manner Stroum derduerch leeft, kascht et manner.

Gëtt meng Stroumrechnung elo méi deier?

D‘Äntwert ass "Jein". D‘Netzkäschte maachen den Ament ronn een Drëttel vun der Stroumrechnung aus. Den ILR sot dem radio 100,7, déi nei Tarifstruktur wäert kee signifikativen Impakt op d'Stroumrechnung hunn. Mee et kéint awer zu eenzelen "Ëmverdeelungseffekter kommen". Dat heescht, eenzel Leit wäerte fir d'Netz ze benotze méi musse bezuelen. An anerer manner wéi bis elo.

Wéi vill méi, oder manner, dozou gëtt et nach keng offiziell Zuelen. Den ILR sot, e wier am gaange Beispiller zesummenzestellen, fir se dann ze verëffentlechen. Den ILR betount: Den neie System soll méi gerecht sinn, an deem Sënn, datt ee bei méi staarker Belaaschtung vum Netz och méi dofir bezilt.

D‘Gewunnechten änneren

D‘Leit solle mat der neier Tarifstruktur dozou incitéiert ginn, hir Gewunnechten ze änneren. Dat heescht, fir hire Stroumverbrauch an d‘Notze vum Reseau méi gläichméisseg iwwert den Dag ze verdeelen, a "simultan" Notzungen ze verhënneren. 

Et ginn ëmmer méi Méiglechkeeten, fir Geräter, wéi beispillsweis eng Wäschmaschinn, ze programméieren, oder aus der Distanz unzemaachen, iwwert eng App um Handy.

An da kritt jiddereen am neie System vun den Netzbedreiwer och eng sougenannte "Referenzleeschtung" ausgerechent. Do ginn déi individuell Stroum-Konsum-Gewunnechten op ee Joer am Detail gekuckt. Da kënnt een an eng Kategorie. Ëmmer an déi "finanziell gënschtegst", seet den ILR.

Preparatioun op d'Energietransitioun

Et geet eben och drëms, de Stroum méi intelligent, méi gläichméisseg iwwert den Dag verdeelt, ze benotzen. Fir de Stroumreseau ze schounen an ze verhënneren, datt et zu Enkpäss kënnt.

Am Moment géif d'Capacitéit zu Lëtzebuerg nach duer goen, seet den ILR. Mee wéi laang nach? Well de Stroumverbrauch wäert weider klammen. D'Populatioun wiisst, a mam Wiessel op Elektromobilitéit wäerten ëmmer méi Leit hir Autoen oplueden. Do brauch ee staark an intelligent Netzer.

A wann d'Netzer awer mussen ausgebaut ginn, ass dat deier, an ëmweltpolitesch sensibel. Stéchwuert déi nei Héichspannungsleitung, déi zu Lëtzebuerg muss gebaut ginn. Do gëtt et weider vill Diskussiounen. Wou déi Leitung um Enn wäert gebaut ginn, ass nach ëmmer net gewosst.

An deem Kontext soll déi nei Tarifstruktur fir d'Netzkäschten och hëllefen, weider grouss Infrastrukturprojeten, an déi domat verbonne Käschten, a Grenzen ze halen.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft