Besonnesch betraff kéinten d‘Vollen op Barcelona, Palma de Mallorca, Las Palmas an Teneriffa sinn. Leit, déi dohi fléien, solle fir zeréck op d‘mannst 3 Stonne virdrun um Flughafe sinn, well warscheinlech laang Schlaangen do wäerte sinn, esou d‘Recommandatioun.
arrow_back_ios
search
Europa
|Streik vum spuenesche Buedempersonal: Luxair warnt viru méigleche Perturbatiounen
An der Ouschtervakanz kéinten et bei der Luxair Perturbatioune bei de Volle Richtung Spuenie ginn. D‘Buedempersonal a Spuenie streikt vun haut un, dat fir onbefristen Zäit an an ënnerschiddlechen Zäitfënsteren.
Luxair Boeing 737-700 (Foto: Bigstock)