Radioen

On air

De Moien  |  Michael Nau - Less Than Positive

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ronn 800 Beschäftegt um Protestpiquet virum Cargolux-Sëtz

Cargolux

Ronn 800 Beschäftegt um Protestpiquet virum Cargolux-Sëtz

Bei der Cargolux huet ee Streik ugefaangen, deen, de Gewerkschaften no, gutt suivéiert gëtt. Alleguer d’Piloten déi op der Schicht agedeelt waren, dat sinn der  11, hunn d’Aarbecht néiergeluecht. Dat selwecht gëllt fir déi 150 Mecanicienen déi haut sollte schaffen.

auto_stories

1 min

Protestpiquet Cargolux | © Carole Schimmer

Fir de Protestpiquet virum Cargolux-Sëtz hu sech de Moie ronn 800 Beschäftegt afonnt. Si fuerderen eng besser Lounstruktur an eng Erhéijung vun de Léin ëm sechs Prozent bannent véier Joer. Doriwwer eraus revendiquéieren si eng Garantie, datt an Zukunft bei der Cargolux eng Indextranche ausbezuelt gëtt, och wann d’Politik den Indexsystem enges Dages sollt moduléieren oder souguer ofschafen.

De Cargolux-CEO Richard Forson hat de Gewerkschafte gëschter virgehäit, iwwerdriwwe Fuerderungen ze stellen, deenen d’Direktioun net kéint nokommen. Hien huet och betount, datt de Streik der Airline géif schueden.