Radioen

On air

Notturno  |  Holy Hive - Oh I Miss Her So

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Streik bei Ampacet: Gemeng Diddeleng weist sech solidaresch

Kritik un der Direktioun

Streik bei Ampacet: Gemeng Diddeleng weist sech solidaresch

Zanter de Méindemoie 6 Auer sinn d’Salariéë vun Ampacet zu Diddeleng am Streik. Ampacet, eng amerikanesche Firma, déi Granulater fir Plastik-Produite produzéiert, beschäftegt ronn 70 Aarbechter. Am Summer hat de Patron de Kollektivvertrag gekënnegt.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

play_arrow
Foto: OGBL / Facebook

Ugangs November waren d‘Verhandlungen op der Conciliatioun dunn ouni Accord op en Enn gaangen. Duerno hu sech d’Salariéë majoritär fir ee Streik ausgeschwat.

2,5 Prozent méi Salaire gi gefrot

Ënnert de ronn 150 Leit, déi um Méindemoien um Piquet vum OGBL waren, war och den Diddelenger LSAP-Buergermeeschter, den Dan Biancalana.

"C’est vrai que le rôle de la ville de Dudelange au niveau de son réellement d’action reste limité par rapport à la situation que vous vivez actuellement, mais la moindre chose qu’on puisse faire face à la situation que vous vivez en tant que salariés d’Ampacet, c’est de montrer notre solidarité, notre soutient et d’être présent ici, courage à vous."

Op Initiativ vun déi Lénk hu sech all Parteien aus dem Diddelenger Gemengerot an enger Resolutioun solidaresch mat de Salariéë gewisen, esou den Dan Biancalana.

"Et pourtant cette entreprise, elle a fait 3,7 millions de bénéfice l’année dernière, et ils ne sont pas prêts à donner même pas des miettes à ses salariés."

Esou de Stefan Osario vum OGBL um Point de Presse. Et hätt een net vill gefrot, mengt och d’Saliha Belesgaa, d’Presidentin vun der Personaldelegatioun.

"Ce qu’on demandait – parce que là on est en grève, notre cahier de revendication est de nouveau sur la table – mais on avait simplement demandé 2,5 pourcents et trois jours de repos compensatoires."

De Féierungsstil vun der Direktioun gëtt kritiséiert

De 17.November dann huet d’Direktioun hire Salariéen eng Note de Service, déi dem 100,7 virläit, ze ënnerschreiwe ginn. An där sinn eng ganz Rei finanziell Kierzungen ugekënnegt.

"Normalement à Noël on a 100 euros. Et vous avez une RH qui dit: Vous ne parlez que de 100 euros. Ouais mais je suis désolé, mais 100 euros, pour nous, c’est important."

Nieft den Divergenzen iwwert déi finanziell Situatioun kritiséiert den OGBl och de Féierungsstil vun der Direktioun. Riets geet vu Beleidegungen an Erniddregunge vu Säiten der Direktioun, esou nach d’Presidentin vun der Personaldelegatioun. Egal wéi waart een elo op eng Reaktioun vun der Direktioun. Bis dohinner géif de Streik weider goen. An dësem Streik géif et net just ëm d’Salariéë vun Ampacet goen, betount de Stefan Osario ëmmer nees.

"Car si le patron d’Ampacet arrive à avoir gain de cause, d’autres patrons vont essayer de limiter et vont essayer de casser toutes nos conventions collectives à travers le pays."

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft