Zënter e Freideg kënnt et ëmmer nees zu gréisseren Demonstratioune virum Geriichtshaff zu Warschau. Sympathisante vun der konservativer PiS Partei a vun anere rietsradikal Parteien, demonstréiere géint de polnesche Premier Donald Tusk an seng Mëtt-Lénks Regierung.
PiS: "Attack op d'Constitutioun an d'Justiz"
D‘Demonstratioune goufen duerch eng Annonce um Internetsite vum Verfassungsgeriicht ausgeléist: De President vum Geriicht a säi Stellvertrieder si vun hire Posten entlooss ginn. Béid goufe vun der konservativer PiS Partei op dës Poste gesat. D'Demonstrante reprochéieren dem Donald Tusk, a senger pro-europäesch Regierung, eng Attack op Constitutioun an d'Justiz.
De Muechtkampf ëm d'Besetzung vun de Riichter:innen um ieweschte Geriichtshaff ass net nei. Déi zwee grouss politesch Lager a Polen, pro-europäesch a riets-konservativ, streiden sech ëmmer nees heirëm.
Tusk: Keng "Dschungel-Gesetzer"
De polnesche President Karol Nawrocki, deen zum rietskonservative Lager gehéiert, war e Freideg op enger Visitt am Senegal. Hien huet déi awer wéinst der onroueger Situatioun a senger Heemecht ofgebrach. Zeréck a Polen huet hien sech den Demonstratiounen ugeschloss. Op engem Video an de soziale Medien ass ze gesinn, wéi de fréieren Hobby-Boxer sech Zougank zum Geriicht verschaaft an och eng Riichterin op de Buedem dréckt.
De polnesche Premier Donald Tusk huet d'Virgoe vum polnesche President Karol Nawrocki schaarf kritiséiert. Dat an enger Fernsee-Usprooch gëschter Owend: E Rechtsstaat géife sech vun de Gesetzer vum Dschungel ënnerscheeden, hei géif et net ëm Muskelkraaft goen.
De Rietsnationalist Karol Nawrocki hat am Joer 2025 d‘Presidentestéchwal gewonnen. En haarde Coup fir déi pro-europäesch Regierung vum Donald Tusk.
An enger éischter Versioun stoung, datt de Polnesche President Karol Nawrocki Member vun der PiS-Partei wier. Hien ass awer parteilos a gouf just vun der PiS-Partei beim Walkampf 2025 ënnerstëtzt.