De Stephan Quintus ass mat der ganzer Famill, senger Fra a senge véier Bouwen ausgewandert. Dat schweedescht Lapland ass der Famill Quintus hir nei Heemecht ginn, an der Provënz Västerbotten, der Gemeng Sorsele. Eng 110 Kilometer südlech vum arktesche Polarkrees ewech.
Mat e puer Gedanken ass et ugaangen
De Stephan Quintus huet wuel emol driwwer nogeduecht wéi dat wier, nodeems se schonn esou dacks a Schwede waren, dohinner auszewanderen. Et ass awer beim schwätze bliwwen, well hien hat eng gutt Aarbechtsplaz, d’Famill hat e schéint, grousst Haus, si haten u sech alles.
D’Bouwe sinn op emol mat der Iddi komm, och wann de Stephan Quintus selwer weider ni mat hinnen driwwer geschwat huet.
“Well et ëmmer einfach war ze soen d’Bouwe wëllen net. Eis Bouwen haten och net den Alter, wou s de sees et ass perfekt fir auszewanderen. Si ware keng Babye méi, si waren awer och elo net Erwuessen, dattsi hir Aarbecht hunn an du sees: Gees de zu Zwee eleng. Ech mengen dat wier ni a Fro komm.”
D’Bouwe waren déi dreiwend Kraaft
Et waren awer d’Bouwen déi dunn d’Fro gestallt firwat se dann net ganz a Schwede solle goen. De Stephan Quintus seet, datt een dann ufänkt och eng Grëtz feig ze denken an et probéiert ee räsonabel ze argumentéieren.
“Mee du hu si gesot, du sees ëmmer zu eis, wann an der Schoul eng Prüfung emol eng Kéier méi schwéier ass, mat vill Aarbecht kann een alles erreechen.”
De Stephan Quintus huet sech als Papp am Fong och e bëssen hannert senge Bouwe verstoppt.
“Dat ginn ech éierlech zou: Jo. Ech géif elo soen do gees a probéiers, mee ech hu véier Kanner, dat geet net esou einfach. Mee ech gouf mat den eegene Waffe geschloen."
Si si 50 Prozent vun den Awunner
Aus dem Dram gouf dunn eng Realitéit. D’Famill Quintus huet alles hannert sech gelooss an am schweedesche Lapland nei ugefaangen. Si hu sech en Husky-Camp opgebaut, wou se Summer wéi Wanter Toure mat hiren Hënn organiséieren oder och soss Aktivitéiten ubidden.
An dat an der Provënz Västerbotten a méi genee an der Gemeng Sorsele wou se am ganzen zu eelef Leit liewen.
“Jo a mer sinn iwwer 50 Prozent, mer sinn zu sechs. An als kleng Anekdot. Mer waren ëmmer dat klengsten Duerf, also mat de mannsten Awunner a ganz Västerbotten. Vun do u wou mer do wunnen si mer dat Duerf mat den zweet mannsten Awunner.”
Mat der Famill Quintus huet Sorsele dee Rekord bannent 24 Stonne verluer.
D’Fräiheet steet ganz uewen op der Lëscht
Op d’Fro wat dem Stephan Quintus dann a Schweden am beschte gefält, zanter si do sinn, ass d’Fräiheet. D’Fräiheet wat s de kanns maachen, d’Fräiheet wéi s de dierfs liewen, d’Fräiheet um Terrain wann s de wëll s bäibauen. An dann och d’Mentalitéit vun de Schweden.
“D’Schwede sinn zwar e bësse méi reservéiert, mee wa si dech bis unhuelen, wou mer mega Gléck haten, do hëlleft een deem aneren. Do géif kee bei der doheem laanscht goen, a gesäit datt s e Bam schleefs deens de net packs oder wann s e Problem mam Auto hues, de Schweed bleift ëmmer stoen.”
D’Gemeinschaft a Kollegialitéit stëmmt. An och de Stress ass vill manner, besonnesch d’Auto fueren ass a Schweden am Verglach mat hei e Genoss.
Mir sinn der aus dem Duerf
Sorsele ass e klengt Duerf. Wéi fillt de Stephan Quintus sech dann, si si d’Lëtzebuerger oder si fir de Noper der aus dem Duerf.
“Also ech géif zu dësem Zäitpunkt mengen, datt de Noper eis gläich gesäit. E weess natierlech datt mer keng Schwede sinn. Mee wann hien Hëllef brauch, en huet och nach eng Firma fir Holz ze maachen, da geet den Telefon a freet no Hëllef.”
Bei den aneren Noper ass et selwecht an et gëtt och just schweedesch geschwat.