arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Stéit direkt betraff: Gewerkschafte fuerdere Mesurë géint Präishausse beim Pëtrol

National

|
reading time

1 min

Stéit direkt betraff: Gewerkschafte fuerdere Mesurë géint Präishausse beim Pëtrol

Den OGBL an den LCGB fuerderen d‘Regierung op, dringend eppes wéinst de Präishausse vun de Pëtrolsproduiten ze ënnerhuelen. An engem Communiqué weist d'Gewerkschafts-Unioun sech zudéifst beonrouegt vun der Situatioun, a gehait der Regierung fir inaktiv ze sinn.

reading time

1 min

Tankstell  | ©  EPA/ANNA SZILAGYI
Tankstell (Foto: EPA/ANNA SZILAGYI)

D'Präishaussen ënnert anerem beim Bensinn a Mazout, déi duerch de Krich am Noen Oste bedéngt sinn, hätten direkt Repercussiounen op d‘Menagen, esou OGBL an LCGB. An et misst eppes gemaach ginn, fir d‘Leit do virdrun ze schützen.

Präisser plafonéieren oder TVA erofsetzen

An anere Länner wiere scho Mesuren ergraff ginn. Beispillsweis hu verschidde Länner d‘TVA an d‘Taxen op Sprit erofgesat, d‘Präisser op den Tankstelle plafonéiert oder cibléiert Hëllefen agefouert.

Fir d'Gewerkschaft ass et inacceptabel, datt d‘Menagen zu Lëtzebuerg eleng d‘Konsequenze vun der internationaler Kris ze droen hätten. D‘Regierung misst endlech hir Responsabilitéit iwwerhuelen, esou d'Gewerkschaftsfront. 

Expertin reit vu Präisdeckelen oft 

Eng renomméiert däitsch Wirtschaftsexpertin huet sech haut géint staatlech Präisreduktioune beim Pëtrol ausgeschwat. Wéinst dem Krich wier de Sprit méi knapp ginn, an dorop sollt ee reagéieren andeems manner verbraucht gëtt. Et soll een déi héich Präisser dofir wierke loossen, an net staatlech agräifen, esou d’Monika Schnitzer am ZDF-Interview.