arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Steierreform: Déi Lénk wëlle bis dato als eenzeg Oppositiounspartei dofir stëmmen

Parlamentaresch Rentrée

|
reading time

3 min

Steierreform: Déi Lénk wëlle bis dato als eenzeg Oppositiounspartei dofir stëmmen

Als eenzeg Oppositiounspartei wëllen déi Lénk an der Chamber fir déi geplangte Steierreform vum Finanzminister Gilles Roth (CSV) stëmmen. D’Parteibasis hätt bis op eng Enthalung unanime fir dës Decisioun gestëmmt. Op der parlamentarescher Rentrée vun der ADR goufen et keng esou kloer Wierder.

reading time

3 min

Gary Diderich, Ana Correia da Veiga, Marc Baum, David Wagner | © Max Voncken
Gary Diderich, Ana Correia da Veiga, Marc Baum, David Wagner (Foto: Max Voncken)

Déi Lénk wëllen d‘Steierreform matstëmmen, dat hu si bei hirer parlamentarescher Rentrée annoncéiert. Et wier een zwar der Meenung, datt d’Steierreform vum CSV-Finanzminister Gilles Roth net fir méi Gerechtegkeet géif suergen. Mee eng steierlech Entlaaschtung wier awer ze ënnerstëtzen, esou den zukünftege lénken Deputéierte Gary Diderich.

Obwuel déi Lénk méi en héije Staatsbudget fuerderen, géife si och a Kaf huelen, datt eng Steierreform manner Recettë fir de Staat bedeit.

Dan Hardy, Alexandra Schoos, Fred Keup, Tom Weidig, Michel Lemaire | © Diane Lecorsais
Dan Hardy, Alexandra Schoos, Fred Keup, Tom Weidig, Michel Lemaire (Foto: Diane Lecorsais )

ADR kritiséiert geplangte Steierreform

Bei der ADR-Fraktioun gouf nach net kloer gesot, wéi si wäert ofstëmmen. Op hirer Pressekonferenz zur parlamentarescher Rentrée huet d’Oppositiounspartei ADR de Moien déi geplangte Steierreform kritiséiert. Mat der Individualbesteierung géif d’Solidaritéit an der Famill ënnergruewe ginn.

Familljen, an deenen ee Partner däitlech manner verdéngt wéi deen aneren, oder – aus wéi enge Grënn och ëmmer - net schafft, géife staark benodeelegt ginn, esou den ADR-Fraktiounschef Fred Keup.

"Et geet eis drëms, datt et an engem Liewe verschidde Liewensphase ginn an, datt et ëmmer erëm virkënnt, aus verschiddene Grënn - Kanner kréien, Krankheet, sech ëm aner Leit këmmeren -wéi och ëmmer. Et kënnt ëmmer erëm vir, datt vläicht deen ee Partner deen däitlech manner verdéngt oder net méi schaffe geet fir eng gewëssen Zäit."

Dat wier eng Familljepolitik, déi een esou net kéint matdroen fënnt déi zweetgréisst Oppositiounspartei an der Chamber. Fir hei op d’mannst eng Erliichterung ze schafen, plädéiert d’ADR fir d’Aféiere vun engem sougenannten Elteregeld: Wann ee Kand zum Beispill net an d’Crèche geet, a vun engem Elterendeel doheem betreit gëtt, da sollt dee Montant, deen de Staat fir d’Betreiung an enger Struktur géif bäileeën, un d’Elteren ausbezuelt ginn, esou d’Fuerderung vun der ADR-Fraktioun.

LSAP an déi gréng wëllen net matstëmmen

Den LSAP-Deputéierte Franz Fayot hat am September bei eis op der Antenne gesot, d'Steierreform wier "onverantwortlech" an d'Sozialiste géife se wuel net matstëmmen. D'Oppositiounspartei géif d'Grondiddi gutt fannen, kéint sech mat der geplangter Ëmsetzung awer net ufrënnen.

No der LSAP-Fraktioun haten och déi gréng annoncéiert, net fir dem Finanzminister Gilles Roth (CSV) seng geplangte Steierreform wëllen ze stëmmen. Op déi verschidde Grënn, firwat dat esou ass, ass d'Sam Tanson am 100,7-Interview agaangen.

De Projet Steierreform soll de 27. Oktober an der Chamber gestëmmt ginn.